Eng Britin huet friem Männer op Tinder no Penis-Fotoe gefrot an aus 300 Biller e reegelrecht Konschtwierk gemaach.

E puer Tinder-User hu wuel d'Gefill, datt hiert Penis e Konschtwierk ass. Oder firwat musse sou vill Tinder-Notzerinnen reegelméisseg  doriwwer kloen esou Biller vu komplett frieme Männer geschéckt ze kréien. Dat ass och der 21 Joer aler britescher Konscht-Studentin Francesca Harris opgefall. An dowéinst huet hatt decidéiert, dës Penis-Fotoen tatsächlech zu engem Konschtwierk ginn ze loossen.

D'Konschtstudentin ass de Männer einfach zevirkomm an huet si no "Dick Pics" gefrot. Déi meescht ware, wéi een et vu Klischee-Tindermänner befiercht, begeeschtert. Allerdéngs och e bësse besuergt. Net well se Angscht haten, datt hiren eegene Penis Deel vun engem ëffentleche Konschtprojet gëtt, mee well se sech dorëms gesuergt hunn, datt hiert Gemäscht ze grouss fir d'Collage kéint sinn, esou d'Harris.

Glécklecherweis hat d'Francesca awer genuch Kandidaten: Fir genee ze si konnt sech d'Studentin net virun Ufroe retten. Bannent kierzter Zäit, huet hatt wahrscheinlech méi Penisse gesinn, wéi en Urolog an engem Mount. Vun 300 Biller, déi et geschéckt krut huet et der 140 erausgesicht a se zu engem Penis-Potpourri veraarbecht.

Natierlech wëll d'Britin domat och eppes aussoen: "Ech wëll, datt d'Mënschen doriwwer nodenken a verstinn, firwat ee sech beim Ubléck vu männleche Genitalien esou onwuel fillt. Wann d'Männer et sech zwee Mol géifen iwwerleeën ier se onopgefuerdert hir Penis-Fotoe schécken, wär dat super".

Den Titel vun der Ausstellung nennt sech "The modern male" an domat si Pennisse vun Tinder-User tatsächlech zu enger Aart modern Konscht ginn. Wien hätt dat geduecht...