© Pexels
Aus engem Witz ass Realitéit ginn, an domat "Wurstsalat to go".
Vun elo u gëtt et freides am Summer am Restaurant "Waldvogel" en Drive-In. Näischt Ongewéinleches, ma hei handelt et sech em e klenge Landhaff an net ëm eng bekannte Fast Food-Chaîne. Ausserdeem kann een hei keng Burger oder Ähnleches bestelle mee allerlee Zorte Wurschtzalot.
Duerch déi e bëssen aner Approche konnte sech d'Besëtzer iwwer vill nei Likes a Posts freeën, a soumat goufen och nei Clienten op dëse Service opmierksam. Ufanks war d'Iddi och just e Geck, virun allem da wann op der Terrass am Summer mol nëmme Wurschtzalot bestallt gouf. Dann huet et geheescht "En Drive-In wär dach mol eppes".
A Recht haten d'Besëtzer - Mëttlerweil ass all Freiden an der Mëtteszäit groussen Undrang: Vu Police, bis Pompjeeën, Trakteren oder Reider mat Päerd, ware schonn allerlee Visiteuren um Schalter an hu sech hiert Iesse bequem dobausse bestallt, erausbrénge gelooss an dunn to go giess.