Eng schwanger Fra wëll net, datt hiert Kand heescht wéi d'Hausdéier vun enger Bekannter.

Wa Koppelen e Kand erwaarde quäält se dacks d'Fro "Wéi solle mer et dann elo nennen?". Ass de Choix bis gefall, da wëll een den Numm ongär änneren. Esou och bei enger jonker Fra, déi sech fir hiert 5. Kand op den Numm Tillie fixéiert huet. Dorop hat si sech scho mat hirem Mann geeenegt. Allerdéngs gëtt et beim Wonschnumm en anere Problem: Den Hond vun enger Bekannten heescht, mam Numm "Tillie", einfach ze ähnlech.

Dat konnt a wollt d'Mamm net akzeptéiert. Ma aplaz den Numm vum eegene Kand ze änneren, dat jo nach net gebuer war, huet si der Hondsbesëtzeri geschriwwen an dës gebieden den Numm vum Hausdéier ze änneren.

Den Chatverlaf selwer ass net nëmmen zimlech skurril, ma och relativ frech säitens vun der Mamm. Si kënnt direkt op de Punkt: "Ech hunn héieren, datt däin Hond Tilly heescht. Ech géif dech dorëms bieden dat ze änneren". Ëmmerhi kéint d'Kand jo net dee selwechten Numm hu wéi d'Hausdéier. Iwwerrascht vun dëser Opfuerderung huet d'Jennay, déi di schwanger Fra jo just flüchteg kennt, geäntwert, datt dat net néideg wier, ëmmerhi géife si sech jo wahrscheinlech mol net méi iwwert de Wee lafen. Dovun ofgesi géif jo wuel keen eppes dovu matkréie wann d'Kand an den Hond de selwechten Numm hätten.

Domat huet d'Fra wuel net gerecht, ëmsou méi enttäuscht ass si vun der Hondsbesëtzerin: "Du hues keng Kanner a wäers dowéinst och net verstoe wéi grouss d'Mammeléift ass a wat een als Mamm alles fir e Kand géif maachen", schreift d'Fra weider. Ofschléissend freet se och nach: "Kanns du iwwerhaapt novollzéien, wéi et ass dee selwechten Numm wéi en Hond ze hunn? Du ruinéiertst d'Liewe vun engem Kand!"

D'Jenay weist sech net beandrockt a bleift dobäi den Numm vum Hond net änneren ze wëllen. Trotzdeem géif si der Koppel alles Guddes wënschen. Déi schwanger Fra bleift net esou fein a vernennt d'Hondsbesëtzerin nach emol, déi léisst sech awer net méi op e weidert Gespréich an. Am Géigesaz zu den Notzer am Netz, déi amuséiere sech nämlech herrlech iwwert d'Diskussioun.