© Unsplash
Déi beschiedegt Wuer gouf entsuergt an de gesamte Beräich desinfizéiert.
Eng 20 Joer jonk Fra aus Pennsylvania, USA, gouf vun enger Iwwerwaachungskamera bei enger krimineller, a virun allem eekleger, Dot gefilmt. Nodeems si, wéi et ausgesäit, staark alkoholiséiert an de Walmart geet, huet si sech am Geméis-Rayon erliichtert. Fir genee ze sinn iwwert de Gromperen, déi do fir de Verkaf louchen.
D'Sécherheetspersonal vum Supermarché war wuel och irritéiert vun der Dot an esou hate si d'Fra erausgehäit ier se d'Police geruff hunn.
Duerch Biller vun der Iwwerwaachungskamera konnt duerno awer nach no der Fra gesicht ginn, déi sech kuerz drop fräiwëlleg bei der Police gemellt hat. Festgeholl gouf se zwar net, eng Rutsch kriminell Doten, wéi Saachbeschiedegung, esou wéi onanstännegt an alkoholiséiert Verhalen an der Ëffentlechkeet, gëtt hir awer virgeworf. Hir Affekoten hu sech elo zu der Aktioun geäussert a verroden, datt déi ganz Situatioun der Fra immens peinlech wier an et kee Motiv fir d'Dot gëtt.