© Facebook Screenshot / Theo Fitsos
Thé dansant oder eng fett Party? - 150 eeler Leit hate sech fir déi zweet Optioun decidéiert...
Bewunner nieft dem Quartier Bohème zu Düsseldorf hunn um Sonnden Nomëtte missen d'Autoritéite ruffe well si sech vun ze haarder Musek gestéiert gefillt hunn. Wéi d'Mataarbechter dunn um 16:45 Auer op der Plaz opgedaucht sinn, hu se eng richteg Party-Crowd begéint. Dës war awer net zesummegesat aus Jugendlechen, déi fir eng éischte Kéier esou richteg d'S** erausloossen, mee aus ronn 150 Senioren.
Alleguer hu se gedanzt a gefeiert. Esou och ze gesinn an engem Video vum DJ, deen op der Party opgeluecht huet. Ma just 15 Minutte viru Schluss stoungen dunn awer d'Autoritéite virun der Dier an hunn d'Gesellschaft opgefuerdert d'Musek e bësse méi lues ze maachen. Anscheinend hate sech d'Bewunner duerch déi oppe Fënsteren an Diere belästegt gefillt. Nodeems den DJ d'Musek erofgedréint hat, ass d'Stëmmung awer net gekippt: Bis offiziell 17 Auer ass d'Seniorendisco nach virugaangen.
A well dës esou gutt ukomm ass, gëtt iwwerluecht d'Seniorendisco zukünfteg ee Mol de Mount ze organiséieren. D'Nopere wäerte sech freeën.