Batter Noriicht fir Ferrero-Fans...

An enger Hal zu Stadtallendorf an der Ferrero-Fabrick ginn dagdeeglech dausende Leckereien, wéi Nutella a weider Schockela-Snacks, hiergestallt.

An der Nuecht gouf et do awer en Defekt un der Klimaanlag an esou gouf de Killprozess ënnerbrach, wouduerch enorm vill Produiten net méi kënne verkaf ginn. Wéi eng Produite genee betraff sinn ass net gewosst, ma ronn 1000 Séissegkeete solle verduerwe sinn.

Duerch den techneschen Defekt soll et iwwregens och eng Dampentwécklung ginn hunn, datt et an der Hal gebrannt huet wollt d'Police awer net bestätegen.