Bei engem Spadséiergang gouf eng Fra an hiren Hond vun engem Puma iwwerrascht. Dës wousst sech awer musikalesch ze hëllefen.

D'Dee Gallant ass d'lescht Woch mat hirem Hond op Vancouver Island spadséiere gaangen. Si war zwar eréischt e puer Kilometer gaangen, dunn huet se gemierkt, datt si engem potentiell geféierlechen Déier vis-à-vis stoung. Just e puer Meter vun deenen zwee fort, war e Puma ze gesinn.

Fir d'éischt war d'Fra zwar virwëtzeg an huet dem Déier e bëssen nogekuckt. Dunn ass hir awer opgefall, datt och de Puma interesséiert un de Spadséiergänger war, an ëmmer méi no komm ass. D'Gallant huet ugefaangen ze jäizen, wouduerch déi grouss Kaz och stoe bliwwen ass, ma mësstrauesch ugekuckt, goufen déi zwee ëmmer nach.

D'Fra huet sech doropshi probéiert esou grouss wéi méiglech wierken ze loossen an huet béid Äerm an d'Luucht gehäit a weider gejaut. Ënnert anerem waren dobäi Sätz wéi "béis Kaz" an "Géi fort vun hei" ze héieren, mee dat hat de Puma anscheinend net verstanen.

Dunn ass der Fra eng Iddi komm, wéi se nach méi Kaméidi kéint maachen, si huet op hirem Handy dat haartste Lidd lafe gelooss wat hir an de Kapp komm ass: Metallica mat "Don't Tread on Me". Schonn no e puer Téin huet de Song Wierkung gewisen an de Puma ass fortgelaf.

D'Treffen huet ronn 5 Minutte gedauert, huet awer Androck hannerlooss. Angscht hätt d'Gallant zwar keng gehat, ma se war trotzdeem frou, datt se elo soe kann "Metallica huet eis gerett".