Den eegene Familljennumm sollt ee villäicht net oniwwerluecht ännere loossen, soss kritt een eventuell offiziell Dokumenter verweigert.

Wuertspiller si meeschtens witzeg a komme gutt u bei ville Leit, ma heiansdo kann esou eppes och no hanne lass goen. Esou beim Ex-Zaldot Kenny Kennard aus England. Dem 33-Järege war säi Familljennumm wuel ze langweileg, also huet hie kuerzerhand decidéiert dëse mat engem klengen "Fu-" opzebesseren. Schwätzt een "Fu-Kennard" am engleschen nämlech séier aus, klengt et wéi "fucking hard".

Den Numm ze ännere war kee Problem, e Führerschäi mam neien Numm ze kréien och net - Mee elo, wou säi Pass ofgelaf ass, gouf him en neie verweigert. Den Numm wier beleidegend a vulgär, esou den zoustännege Büro "HM Passport Office". Dräi Mol huet de Kenny d'Uerteel scho probéiert unzefechten. 3 Mol huet et net geklappt. De Banneministere weigert sech hirt Reglement ze änneren, ma och de Kenny gesäit et net an säin Numm nees réckgängeg ze maachen.

Iergendwéi luewenswäert, datt en zu sengem Wuertspill steet. Ma d'Konsequenz: Ouni Pass kënnt hie vun der Insel net fort an ass esou ze soen e Gefaangen am eegene Land. Aplaz duerch d'Welt ze reese kann de Mister "Fu-Kennard" sech deemno op Camping Vakanz an der Heemecht freeën.

Verstoe kann en d'Decisioun och net, "Et ass dach just e Witz", esou de Brit. A souguer friem Leit setze sech mëttlerweil fir d'Pass-Aktioun an, mëttlerweil gëtt et souguer eng Petitioun dozou.