Keng Loscht dem Ex-Mann matzedeelen, dass ee kee Kannergeld méi bezilt oder enger Persoun ze soen dass se nervt? Kee Problem, frot den Jonathan Chalk.

E Business ze grënnen duerch deen ee Servicer ubidd fir frieme Leit schlecht Noriichte matzedeelen, dat ass mol eng bëssen aner Iddi, ma genee dat huet de Comedian Jonathan Chalk gemaach. Hien huet nämlech eng Facebook-Säit erstallt, op där hie sech ubitt, schlecht Noriichte fir iech weider ze vermëttelen.

Eigentlech ass et ganz einfach: Et geet een op seng Facebook-Säit, schreift hien un an hien erleedegt déi onangenehm Aufgab dann: "Are you bad at giving people bad news? Let me do it for you!" Op senger Säit

kann ee sech och vum Service iwwerzeegen, sief et anhand vu Videoen, an deenen hien de Leit urifft oder Posts vun e puer Screenshots.

Ee vun de Messagen, déi den Jon viru ginn huet ass zum Beispill vun engem Jong, dee sengem Papp wollt matdeelen, datt hien en net gären huet. Dat huet de Business-Mann natierlech wéi versprach gemaach an de Papp huet geäntwert, den Jon sollt bei si heem fléien an dem Jong eng ginn. Sue wëll den Jon zwar net dofir, mee bei engem klengen Don seet hien net nee.

Bei senge bal 70.000 Follower kéint do dann och schonn eng kleng Zomm zesumme komm sinn. Also fir all déi, déi deemnächst mol enger net sou agreabeler Diskussioun aus dem Wee wëlle goen, einfach dem Jonny schreiwen, deen hëlt de Streit gär op sech.