© Youtube Screenshot
An den USA huet staarke Wand fir eng gréisser "Matrassen-Wanderung" gesuergt...
Fir e witzegt Bild huet an den USA d'Kombinatioun vun engem staarke Wand an e puer Matrasse gesuergt. Zu Denver an engem Park gouf et virun e puer Deeg nämlech en Open Air-Kino mat Matrassen op deene sech d'Visiteure sech et bequem konnte maachen.
De Problem: Et war vill ze vill Wand fir de sougenannten "The Bed Cinema", an esou ass aus dem gemittlechen Owend op der Matrass, e sportlecht Event ginn, bei deem Leit hire Matrassen nogelaf sinn.
De Robb Manes, deen dat skurrilt Erliefnis via Twitter gedeelt huet, huet am Netz vun enger "Matrassen-Wanderung" geschwat, a säi Video ass och direkt viral gaangen.