Eng Kaz sollt Handyen an e Prisong schmuggelen. No enger laanger Course-Poursuite hunn d'Gardienen d'Déier agefaangen.

Zu Costa Rica sollt eng Kaz mobil Telefonen an ee Prisong schmuggelen. D’Déier gouf no enger 5 Stonne laanger Course-Poursuite agefaangen.

Nodeems d’Gardiene vum Prisong "La Reforma" op dat verdächtegt Déier opmierksam gi waren, ass dat geflücht an huet sech an engem Kanal verstoppt.

Wéi d’Kaz schliisslech konnt agefaange ginn, huet sech de Verdacht verstäerkt, dass mam Déier eppes net gestëmmt huet. Um Réck vun der Kaz war ee Säckelche fixéiert, an deem 2 Handye mat Kabel a SIM-Kaarte verstoppt waren.

D’Autoritéiten zu Costa Rica hate sech dës Lescht besuergt iwwert d’Presenz vu Smartphonen an de Prisonge vum Land gewisen. D‘Handye gi meeschtens fir Kléngkriminalitéit benotzt.

Dass Déieren als Coursier fir Prisonéier benotzt ginn, ass awer net nei. 2015 war am Prisong "La Reforma" eng Dauf agefaange ginn, déi Drogen transportéiert huet.