© andibreit / pixabay
Bei enger Kontroll vun der bayrescher Police hunn d'Beamten e Mann kontrolléiert, deen zënter 10 Joer ouni Permis ënnerwee war.
D'bayresch Police huet e 66 Joer alen Automobilist erwëscht, deen zënter 10 Joer ouni Permis ënnerwee war. Bei der Kontroll konnt de Chauffer kee Permis weisen. D'Beamten hunn du recherchéiert an erausfonnt, datt hie virun 10 Joer de Permis ofgeholl kritt huet, well hien ënnert Alkoholafloss Auto gefuer war. Zënterhier war hien ouni Permis ënnerwee.