© Pixabay
Eng Etüd vun der Universitéit Heidelberg huet erausfonnt, datt Eltere mat Kanner glécklech sinn - virun allem, nodeems dës erausgeplënnert sinn.
Kanner maache glécklech - awer eréischt, wa se net méi am Haus wunnen.
Dat ass d'Schlussfolgerung vun enger Etüd vun der Universitéit Heidelberg. D'Fuerscher hu festgestallt, datt am Alter eng héich sozial Vernetzung wichteg fir d'Gesondheet an d'Empfanne vu Gléck ass.
Virun allem de Partner oder d'Partnerin an d'Kanner spillen hei eng wichteg Roll. Méi al Etüden hu gewisen, datt Kanner, déi nach doheem wunnen, sech am Schnëtt negativ op d'Zefriddenheet auswierken.