© Richard 655 / Pixabay
Eng blann Koppel huet e Sonndeg de Moien déi saarlännesch Police geruff. En Heesprénger war an d'Wunneng era komm an hat der Fra Angscht gemaach.
Mat enger méi aussergewéinlecher Demande huet eng Koppel aus Saarbrécken sech e Sonndeg de Moie bei der Police gemellt.
En 12 cm groussen Heesprénger war an hir Wunneng agedrongen an hat déi 49 Joer al Fra "an Angscht a Schrecke versat", esou d'Police.
D'Beamten hunn d'Déier aus der Wunneng erausbruecht.