E Besuch a seng Heemecht huet fir en Jamaikaner schlëmm Konsequenzen. Well d'Douane den Hunneg fir Drogen hält, sëtzt hie méintlaang am Prisong.

En Jamaikaner huet seng Heemecht besicht an ass um Réckfluch festgeholl ginn. Bei senger Arees an d'USA huet d'Douane gemengt, den Hunneg, deen hien dobäi hat, wieren Drogen.

De 45 Joer ale Mann souz doropshin 3 Méint laang am Prisong. Dobäi koum, datt hie seng zwou Aarbechte an enger Botzentreprise an an enger Baufirma verluer huet. Och seng dräi Kanner konnt hie wärend der Zäit am Prisong net gesinn.

Wéi d'Washington Post matdeelt, gouf den Hunneg no der Festnam vum Mann op Droge getest. Schonn no dräi Wochen huet d'Resultat erginn, datt keng Drogen am Hunneg dra waren. Doropshi gouf den Hunneg an en anere Laboratoire geschéckt. Bis dës Resultater feststoungen, sinn nees e puer Woche vergaangen. Och hei war d'Resultat op Drogen negativ.