© Unsplash
Klief däi Knätsch heihin...
"Put your gum here" also klief däi Knätsch heihin, dat steet op Këschten an engem Fussballstadion zu Mainz. Dës sollen d'Leit dovun ofhalen hire benotzte Knätsch ënnert de Sëtz oder op aner Plazen am Stadion ze kliewen nodeems se en net méi wëllen.
Knätsch op esou Plazen ass net nëmme fir aner Visiteuren eekleg, e wier och schwiereg fort ze maachen. Bei der Këscht ass dat anescht, do ass Pabeier dra befestegt, deen een, wann d'Blat voll ass, ganz einfach mam Knätsch an d'Poubelle geheie kann.
D'Opfuerderung schéngt dann och ze klappen. leschte Weekend hunn e puer Fussball-Fans hire benotzte Knätsch direkt dohi geklieft, aplaz soss enzwousch.