Wann de Partner net streide wëll, schéngt et just eng Léisung ze ginn...

An enger Bezéiung wënscht ee sech jo eigentlech en harmonescht Zesummeliewen, ma ze vill Fridde schéngt dann och net dat Richtegt ze sinn. Esou ass et op alle Fall enger Koppel an de Vereenegten Arabeschen Emiraten gaangen: D'Fra huet annoncéiert sech wëlle scheeden ze loosse well hire Mann ze léif mat hir ass.

"Hien huet mech ni ugejaut oder Nee zu mir gesot", sot d'Fra virum lokale Scharia-Geriicht. De Mangel u Sträit war awer net den eenzege Grond fir d'Scheedung, och déi extrem Léift wär der Fra ze vill gewiescht. Hien hätt hir souguer wëlle beim Haushalt hëllefen, dobäi hätt si sech keng Kaddoen oder Hëllef gewënscht mee einfach mol en Dag Sträit.

Wa si hie kritiséiert hätt, zum Beispill a Punkto Gewiicht, dann hätt hien e Regimm ugefaangen a Sport gemaach, aplaz ze diskutéieren. De Mann selwer ass sech kenger Schold bewosst an huet ugefrot d'Scheedung erauszezögeren. Hie wéilt aus senge Feeler léieren an net schonn no engem Joer Bestietnis beuerteelt ginn. D'Geriicht huet decidéiert et sou ze maachen, a gëtt der Koppel nach emol d'Méiglechkeet hir Bezéiung ze retten.

An de Kommentaren diskutéieren d'User iwwerdeems doriwwer wéi si di ganz Geschicht fannen, wourop déi Meescht sech awer kënnen eenegen: Villäicht huet de Mann eng aner Partnerin verdéngt.