© Pixabay
Eng Boule Vanill an eemol Äerdbier! - Nee esou einfach ass sech eng Glace bestellen anscheinend net!
Et ass Summer an dat spiert een! Eng gutt Glace ass do natierlech déi beschten Ofkillung. Ma eise Genoss ass gläichzäiteg ganz dacks de Verkeefer hiren Horror. Wéi dat ka sinn hu mir eis och gefrot, ma de Grond läit hei beim Client senger Commande, déi gëtt nämlech ganz dacks, ganz falsch opginn.
An engem Glace-Buttek zu Brandenburg gouf dowéinst e Schëld opgehaange mat Tipps, wéi een eng Glace richteg ze bestellen huet.
Esou geet et: "Wéi vill Bulle wëll ech?", "Wou wëll ech meng Glace dran hunn?", "Wéi eng Zort wëll ech?" a "Wëll ech Schlagsahn oder Uebst drop hunn?". Déi 4 Froen an ee Saz ze bréngen, an d'Wuert "wann ech gelift" net ze vergiessen, dat misst een dach hikréien. Wann der iech un dës Reiefolleg haalt, dann hutt dir är Glace um schnellste Wee bestallt an dem Serveur och nach e Gefale gemaach.
Dat ass awer nach net alles: E weideren Tipp besteet beispillsweis datt et nëmmen déi Glacë ginn, déi virun engem am Frigo ze gesi sinn, a keng geheim Zorten. Et muss een also net nofroe wann ee souwisou scho gesäit, datt d'Wonschzort guer net do ass.
Meenungen zu dëser Iddi ginn et der vill: Déi eng fanne se witzeg, di aner awer fannen d'Schëld iwwerhieflech a wéilten dowéinst dann och näischt méi do kafen. #hangry