© Twitter Screenshot
Heiansdo huet een einfach besser am Bett leien ze bleiwen...
De marokkanesche Fussballspiller Moestafa El Kabir vum türkeschen Éischtliga-Veräin "Caykur Rizespor" gouf virum Match géint Sivaspor um Trainingsfeld vergiess. Den Teambus war einfach ouni den Ugräifer gefuer, ma kee Problem fir de Sportler, dee sech doropshin einfach en Taxi bis virun de Stadion geholl huet. Do ukomm huet allerdéngs schonn de nächste Problem op hie gewaart: D'Security huet de relativ neie Spiller net erkannt a wollt en net eraloossen.
Schlussendlech huet de Stiermer et awer nach mat Zäit op den Terrain gepackt a konnt souguer vun Ufank u matspillen. Kléngt no enger gudder Noriicht, ma et wär besser gewiescht e wär net eragelooss ginn... No 13 Minutten um Feld huet de Fussballer sech d'Been gebrach a fält dowéinst elo mindestens 6 Méint laang aus.