Bei der Stee "Ikonen a Legenden aus Hollywood" sollen eng sëllech Hollywood-Schätz ugebuede ginn.

Den Original-Helm vum "Star-Wars"-Charakter Darth Vader wäert wuel ee vun den Highlights vun der Stee mam Numm "Ikonen a Legenden aus Hollywood" sinn, awer nach laang net deen eenzege Film-Schatz. De 25. a 26. September sollen am Auktiounshaus "Profiles" zu Los Angeles nämlech eng ganz Réi Hollywood-Reliquie versteet ginn.

Beim Helm handelt et sech em ee vun de wéinegen Helmer, déi wärend den Dréiaarbechte vum Schauspiller David Prowse ugedoe goufen. De geschate Präis läit tëscht 250.000 a 450.000 Dollar, d'Auktiounshaus geet awer dovun aus, datt dës Zomm nach klamme wäert.

Ma och aner Objete wäerten zu enger, zimlech wahrscheinlech héijer, Gesamtzomm bäidroen. Esou zum Beispill e Rack aus "Titanic" (~150.000$), e Mound-Gefier aus engem James Bond-Film (~600.000$) oder (~500.000$), en "Harry Potter"-Brëll (~300.000 Dollar).