© Collin BLECK / DPA / AFP
Zënter Deeg war d'Kobra zu Herne an Däitschland verschwonn. No grousse Sichaktioune gouf se e Freideg erëmfonnt.
E puer Deeg laang war zu Herne an Däitschland eng grouss Sichaktioun. Dat, well eng Kobra aus sengem Käfeg ausgebrach war. En Deel vun den Awunner hat dowéinst missen evakuéiert ginn.
Leschte Sonndeg wa déi 1,40 Meter laang Schlaang vun enger Matbewunnerin am Gank gesi ginn. D'Stad geet dovunner aus, datt si engem Mann aus dem Wunngebai gehéiert, deen och 20 aner gëfteg Schlaangen huet.
D'Kobra gouf e Freideg an engem Kelleragang lieweg erëmfonnt. Mataarbechter vun der Gemeng wollte grad d'Wiss nieft engem Gebai méien, wéi si gesinn hunn, datt d'Schlaang sech virun hinnen opgeriicht huet. Kuerz drop konnt en Expert d'Schlaang afänken.