© www.pexels.com
Well e Mann zu Bochum gemengt hat Abriecher bei sech doheem héieren ze hunn, hat hien d'Police geruff. Dat war allerdéngs eng schlecht Iddi.
Wéi déi däitsch Zeitung "Der Westen" op hirer Internetsäit schreift, hätt e Mann aus Bochum en Dënschden d'Police bei sech Heem geruff. Dëst well hie gemengt hat Abriecher a sengem Haus héieren ze hunn. Ma ewéi d'Police op d'Plaz koum wier de Polizisten als éischt déi rout Ae vum Mann opgefall. Dëse sot hinnen, dass nieft senger Frëndin och nach Abriecher a sengem Haus wieren.
Ewéi d'Police sech do am Haus ëmgekuckt hunn, konnte si keng Abriecher fannen. Ma amplaz hu si um Balkon, der Terrasse, am Gaart an an engem Schapp am Gaart am Ganze 50 Marihuanaplanze fonnt. De Mann a seng Frëndin, déi anescht ewéi d'Abriecher wierklech am Haus war, goufen doropshi festgeholl a mussen sech elo wéinst dem Ubau an dem Verkaf vun Droge virum Riichter veräntwerten.
E Spriecher vun der Police sot géigeniwwer der Press, dass Marihuana ausnamsweis mol gutt war, allerdéngs nëmme fir d'Police.