© Youtube Screenshot
D'Janine Wiget a Kathrin von Niederhäuser reesen zesummen duerch d'USA a stellen dobäi Fotoe vun de "Simpsons" no.
Fir vill Millenials ass d'Serie "The Simpsons" einfach nëmme Kult, kee Wonner also, datt eng ganz besonnesch Hommage un déi beléiften TV-Famill seng Ronne schléit. D'Janine a Katrin, 2 Frëndinnen aus der Schwäiz hu bannent enger Woch eng ganz Episod vun de "Simpsons" nogestallt. D'Iddi kruten déi w Fraen nodeems si d'Episod "Lisa Gets the Blues" aus der 29. Staffel vun 2018 gesinn hunn. Do fiert di ganz Famill Simpson an d'Vakanz, ma aplaz wéi geplangt zu Florida ze landen, landen se zu New Orleans. An och den ufanks geplangte Kulturprogramm gëtt zu enger Iesstour. A genee dat hunn Schwäizerinnen nogestallt, nodeems si erausfonnt hunn, datt 54 Restauranten aus där Episod tatsächlech esou existéieren.
Den eenzeg Problem: Si hate just eng Woch Zäit an esou huet d'Iddi séier awer effizient misse geplangt ginn. Mat Hëllef vum Storyboard, hunn d'Touristinnen 8 Restauranten den Dag besichtegt, soss wär hire Plang zäitlech net opgaangen. Net nëmme stresseg, ma och net ganz bëlleg: Ongeféier 500 Dollar huet di ganz Iess-Tour si kascht. Gespuert hu se dowéinst awer bei anere Saachen, no den "Fresskalatiounen" waren déi zwee nämlech meeschtens einfach ze midd, nach aner Saachen ukucken ze goen oder souguer owes feieren ze goen.
Beim filmen hu se dann dacks missten improviséieren: Ee Restaurant war komplett zou, anerer haten de gewënschte Plat aus der Serie net méi op der Kaart. Fir aus der richteger Perspektiv ze filmen hunn d'Dëscher a Still dann och misse verréckelt ginn, an och d'Frëndinne selwer hu sech missen an Zeen setzen, fir sech selwer wéi den Homer duerzestellen. Ma och wa verschidde Gäscht villäicht irritéiert ware wann d'Frae sech op den Dësch geluecht hunn oder sech onzieleg Fritten an de Mond gestach hunn, d'Resultat ass eng Detail-verléiften Hommage un "The Simpsons", a virun allem Fans am Internet schéngen dat ze feieren.