Schéi sinn huet säi Präis...

D'Police aus engem Viruert vun Houston huet en Zeienopruff erausginn an deem si no enger Fra sichen, déi an eng Botox-Clinique wollt abriechen. Zimlech ongewéinlech: Fir hir kriminell Dot huet si eng Kreessee benotzt.

D'Opname vun der Iwwerwaachungskamera weisen d'Fra, wéi si matten an der Nuecht mat der Akku-bedriwwener Kreessee déi Viischtdier vum Komplex futti kritt fir duerno, de Beamten no, eng grouss Unzuel vu Medikamenter (wéi et heescht Anti-Aging Produiten) ze klauen. Mat Hëllef vum Video an eventuellen Zeie wëll d'Police den nach onbekannten Déif dann elo pëtzen.