© Youtube Screenshot
Zauberspréch a Flich, d "Harry Potter"-Welt ass voll domat! A genee dowéinst wëll eng Schoul an den USA dat "Däiwelswierk" verbidden!
D'Bicherserie "Harry Potter" huet Millioune Lieser begeeschtert, genee esou wéi d'Filmer. Ma genee dësen Hype ronderëm d'Geschicht schéngt enger Schoul an dem US-Bundesstaat Tennessee Suergen ze bereeden. Esou vill, datt si d'Bicher elo aus hirer Bibliothéik geholl hunn, an se och net méi do wëlle gesinn. D'Erklärung: D'Bicher enthalen Zauberspréch, an dat ass jo wuel vill ze riskant.
De Paschtouer Dan Reehil vun der St. Edward Catholic School zu Nashville hat sech bei den Eltere vun de Schüler gemellt a gesot, datt hien no sëlleche Gespréicher mat Exorzisten zu dem Entschloss komm ass, datt dës Flich an Zauberspréch reell sinn a béis Geeschter eropbeschwiere kéinte wann ee Mënsch se géif liesen. Ausserdeem géif d'Geschicht behaapten, datt et béis, awer och gutt Zauberei géif ginn, an dat wier jo wuel eng riichteraus Ligen.
D'Privatschoul huet doropshi gehandelt, an déi 7 Bicher aus der Bibliothéik entfernt. Eng offiziell Erklärung beseet zwar, dass d'Schoul keng festgeluechte Meenung zu de Wierker vum J. K. Rowling huet, de Paschtouer awer e Matsproocherecht huet, well d'Schoul him zougedeelt ass. Vun enger Zensur wëll een hei awer net schwätzen, et wéilt een ebe just op altersgerecht Material setzen.
Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, datt d "Harry Potter"-Romaner bei reliéise Mënschen unecken, schonn am Abrëll dëst Joer hu kathoulesch Paschtouer aus Polen eng sëllech Ausgabe verbrannt well des eng "schlecht Energie" haten.