© Twitter Screenshot
Wéi géift dir kucke wann e Miniatur-Pony an de Fliger géif klammen?!
Passagéier vun engem "American Airlines"-Fluch konnten hiren A bal net gleewen, wéi op eemol e Mini-Pony an de Fliger getrabt koum. Bei dem ongewéinleche Matreesenden op dem Fluch vun Chicago Richtung Omaha handelt et sech ëm "Flirty", e Miniatur-Pony an e sougenannten "emotional support animal". Dat heescht d'Déier soll senger Besëtzerin bei méigleche Panikattacken hëllefen an dës berouegen.
Meeschtens handelt et sech bei dëse speziellen Déieren ëm Hënn, well d'Besëtzerin vum "Flirty" awer allergesch géint Hënn ass, gouf de Pony esou trainéiert a begleet d'Fra an alle Liewenslagen, eben och am Fliger. Normalerweis reesen déi zwee éischter mam Auto, trotzdeem huet dat mam fléien (an der Economy Class) ouni Problem geklappt. Dat eenzegt Onangenehmt, bei Start a Landung, hat de Pony e puer Problemer mam Gläichgewiicht an ass puer Mol géint de Sëtz gestouss. Bei esou engem knuddelege Passagéier, konnt do awer wuel kee sech beschwéieren.