Do war awer mol een esou richteg #hangry!

Am US-Bundesstaat Texas huet e Mann, nodeems e gewuer gouf, datt de Burger senger Wiel ausverkaaft ass, vu lauter Enttäuschung eng Waff gezunn. Wéi d'Police gemellt huet sinn direkt e puer Männer, déi um Drive-In Schalter d'Noriicht vum Burger kruten, an de Fast-Food Restaurant gestiermt an hunn hirem Ierger fräie Laf gelooss. Ee vun de Männer huet eng Fra hannert der Théik souguer mat enger Schosswaff menacéiert. Der Police no, waren de Mann a senger Begleeder scho fortgelaf ier d'Beamten op d'Plaz konnte kommen.

Eng grouss ugeluechte Medien-Campagne fir den neien Chickenburger hat am August scho fir Hype gesuergt, sou dass an e puer Filialen de Burger direkt ausverkaaft war.