D'Gäscht sollten esou kommen, wéi si sech wuel fillen. Logesch Konsequenz: D'Schwëster vun der Braut kënnt am T-Rex-Kostüm.

D'Deanna Grilli wollt keng Hochzäit, bei deenen d'Gäscht sech no iergendengem Motto mussen akleeden. Jidderee sollt einfach esou komme wéi e sech wuelfillt. Deemno stoung op der Invitatioun "Dot un, wat dir wëllt".

Dobäi huet d'Braut awer d'Kreativitéit an de speziellen Humor vu senger Schwëster ënnerschat. Hatt koum nämlech net an engem schicke Kleed, och net einfach an Jeans an T-Shirt mee an engem iwwerdimensionalen Tyrannosaurus Rex-Kostüm.

Wärend dem Event sinn natierlech och Fotoen entstanen, op där logescherweis och d'Schwëster, also den T-Rex, ze gesi war. An déi ongewéinlech Beweis-Biller sinn direkt op Facebook gelant an esou ronderëm d'Welt gaangen. Wärend de Paschtouer d'Koppel am Gaangen ass ze bestueden, gesäit ee matten am Bild och den orange Plastik-Dinosaurier mat oppener Schnëss. Ëmmerhin déi kuerz Äerm sinn esou just laang genuch fir de Blummebouquet unzehalen.

Wärend verschiddener dem Christina säin Outfit witzeg fonnt hunn, hunn Anerer et falsch fonnt, d'Braut esou an de Schied ze stellen. Haaptsaach ass allerdéngs, wéi d'Deanna seng Hochzäit fonnt huet. An déi ass iwwerglécklech, mat sengem Mann, dem Event selwer an och d'Aktioun vun der Schwëster gouf als witzeg empfonnt.