© Twitter Screenshot
D'Tinder-Boma Hattie ass nach laang net fäerdeg mam Daten!
Sexualitéit am Alter, dat ass fir vill Leit en Tabu-Thema. Net esou beim Hattie Retroage. Déi zweefach Mamm a Boma aus New York huet Loscht ze flirten (an och gäre bësse méi) an notzt dofir d'Dating-App Tinder. An domat huet déi 83-järeg Fra Erfolleg, virun allem bei jonke Männer schéngt d'Seniorin ze punkten.
An hirer Tinder-Biografie steet: "Hattie, 83, faszinéierend eeler Schéinheet. Ech sichen e Frënd/Lover fir e gemeinsamt Liewe volle Aventuren a Passioun". Datt si virun allem op méi jonk Männer steht, doraus mécht d'Hattie kee Geheimnis. Am Ufank wollt d'Tinder-Boma zwar eng eescht Bezéiung, ma si huet séier erausfonnt, datt Tinder villäicht net déi richteg Plattform dofir ass. Dowéinst huet d'Hattie seng Strategie geännert a sicht elo no zwanglosen Dates fir spannend Nuechten.
An déi Strategie kënnt un: Knapp 50 Dates hat d'Fra bannent deenen 8 Méint, wärend där si d'App benotzt huet. Hiert jéngsten Tinder-Date war grad mol 19 Joer all, ma aktuell ass si mat engem 33 Joer ale Mann um flirten, deen domat ëmmerhi genee 50 Joer méi jonk ass wéi si.