Wärend sengem Stage bei der Nasa huet ee 17-Järegen per Zoufall een neie Planéit entdeckt.

Dem 17-Järege Wolf Cukier ass wärend sengem Stage bei der Nasa eppes gelonge vun deem vill nëmmen dreeme kënnen: den Highschool-Schüler huet een neie Planéit entdeckt, dee 6,9 mol sou grouss ass wéi d'Äerd.

Seng Aufgab war et, d'Hellegkeet vu verschidde Stären ze vergläichen. D'Nasa huet confirméiert, dass den Teenager dobäi de Planéit Toi 1338 b entdeckt huet. Ufanks huet e gemengt et géif sech ëm eng Verdonkelung tëscht zwee Stären handelen, mee dat huet net ganz gepasst. Tatsächlech war et ee Planéit, esou de Cukier géigeniwwer dem Teléssender NBC.

Den Toi 1338 b ass deemno esou grouss wéi de Saturn oder Neptun an ass 1300 Liichtjore vun der Äerd ewech am Stäresystem Pictor. Eis Sonn ass, zum Verglach, eng 8 Liichtminutte vun der Äerd ewech.