Ongewollten Test: Aerobic a Zumba op den Takt vu Gottesdéngschter?!

Beim Sport lauschtere vill Leit gäre Musek, déi motivéiert. Priedegten oder den Hallelujah als Hannergrondmusek gehéiert do wuel éischter net dozou. Ma genee dat hu vill Sportler awer elo ongewollt getest.

Zu Solingen (Nordrhein-Westfalen) hat eng kathoulesche Kirchegemeng zoufälleg de Klang vun hire Gottesdéngschter an d'Fitnessstudio niewendru iwwerdroen. Wéi de Paschtouer erkläert waren d'Mikroe vun him an déi vun den Trainer op der selwechter Frequenz iwwerdroe ginn, esou datt d'Lautsprecher am Fitnessstudio d'Priedegten iwwerdroen hunn. Ma well d'Anlag vun der Kierch anscheinend méi Leeschtung huet wéi déi vum Sportzenter, gouf et just eng eesäiteg Iwwerdroung.

D'Mataarbechter vum Fitnessstudio konnte sech ufanks net erkläre vu wou déi ongewéinlech Geräischkuliss hierkoum well se ëmmer nëmme Schnippsel vu Priedegte matkruten. Wéi dunn awer Kierchegesang aus de Lautsprecher koum, war séier kloer vu wou de Sound géif kommen. D'Lautsprecher ofzeschalte war ufanks net méiglech well een dës fir de Betrib vum Studio brauch, ma mëttlerweil ass de Problem awer geléist an d'Funkfrequenz gouf geännert.