"Netflix & Chill'd" - Esou heescht déi nei Zort, déi vun elo un an der Tiefkühltruh ze fannen ass.
Wat dierf bei engem gudde Film- oder Serien-Owend net feelen? Richteg: Snacks! Ma fir Netflix-Suchtis a Ben&Jerry's Fans gëtt et elo de perfekte Snack fir esou ee gechillten Owend: Eng offiziell Kooperatioun vum Glacen-Hiersteller zesumme mam Streaming-Ubidder.
Déi éischt eege Kreatioun, déi wéi an der Reklamm als "Netflix Original" verkaf gëtt, nennt sech "Netflix & Chill'd" a besteet aus enger Mëschung aus séissen a salzegen Ingredienten. D'Basis ass "peanut butter"-Glace kombinéiert mat engem séiss-salzegem Brezel Swirl & Fudge Brownie. Nieft der Versioun mat Mëllech, gëtt et ausserdeem nach eng vegan Versioun vun der neier Zort.
"Netflix & Chill'd" gëtt et vun elo u schonn um däitsche Marché, iwwert de Präis a wéini d'Glace dann och hei wäert eraus kommen ass awer nach näischt Geneeës gewosst.
D'Reklamm, déi wéi en Trailer vun enger neier Netflix-Serie opgebaut ass, versprécht awer scho mol, dass dësen Netflix-Neizougang d'Fans begeeschtere wäert a perfekt bei all d'Serien- a Film-Favoritte passe wäert.