"Et gi keng domm Froen, just domm Äntwerten"... oder? - Eng Rechnung beweist de Géigendeel!

A verschiddene Länner, respektiv a verschiddene Restauranten, muss ee ganz genee oppasse wann d'Rechnung kënnt. D'Brout kascht extra, Krunnewaasser kritt een opgeschriwwen oder soss verstoppe sech Käschte mat deenen een net gerechent hat. Ma en "Diner" zu Denver, am US-Bundesstaat Colorado, huet dat Ganzt elo op d'Spëtzt gedriwwen.

E User mam Numm "humblemangoes" huet eng Foto vun der Rechnung op der Plattform "Reddit" gedeelt, bei där ee gesäit, datt nieft enger Portioun Poulet an enger Portioun Gromperepüree ee weidere Käschtepunkt opgelëscht gouf: 1 domm Fro = 0.38$".

D'Kommentaren ënnert der Foto weisen drop hin, dass déi aner User genee esou irritéiert ware wéi d'Persoun, déi d'Rechnung krut. Gefrot gouf sech ënnert anerem "Wat mécht dann elo eng domm Fro aus?" oder och "ass déi Rechnung net einfach gefälscht?". Ma déi schéngt tatsächlech echt ze sinn, ze eescht duerf ee se allerdéngs net huelen!"

Bei dëser Aktioun handelt et sech nämlech net ëm ee granzege Serveur, dee vu senge Gäscht genervt war, mee em eng, wéi de Restaurant fënnt, Sympathie-Aktioun. Den Traditiouns-"Diner" mam Numm "Tom's Diner" erlaabt sech dëse Geck schonn zanter e puer Jore sinn. Tatsächlech fënnt een déi "domm Fro" mat Präis souguer an der Kaart vum Restaurant. De Manager huet erkläert, datt et d'Stëmmung souguer hiewe soll, well et an der haiteger Zäit och wichteg wier d'Saachen net ze eescht ze huelen. Wien d'Extra-Käschten op senger Rechnung erëmfënnt, soll sech och net beleidegt fillen. D'Mataarbechter kruten d'Uweisung d' "domm Fro" nëmmen op d'Rechnung ze setze wann et eng witzeg Grupp ass, an net wann tatsächlech domm Froe gestallt goufen.

View this post on Instagram

LMAO

A post shared by Trav (@travathome) on

Dëst ass iwwregens net den eenzege Geck, dee sech hei erlaabt gëtt: Bei de gesonden Optioune fënnt een och d'Optioun "déi nächst Molzecht iwwersprangen" an "heem lafen", déi präislech gesi bei "gespuerte Suen" an "onbezuelbar" léien.