© Facebook Screenshot / Hofbräuhaus München
An en hat e wäite Wee hannert sech...
No 50 Joer huet eng 73 Joer al US-Amerikanerin eng " Maß", dee si als jonk Fra geklaut hat, un d'Münchener Hofbräuhaus zréckgeschéckt. De Krou wär d'lescht Woch iwwerraschen do ukomm, natierlech mat enger Kaart, op där d'Entschëllegung stoung.
D'Hofbräuhaus hat d'Zréckkomme vum Maß-Krou mat senge Follower iwwer Facebook gedeelt. An der Entschëllegung stoung, datt de Steekrou am Summer 1965 matgeholl gouf. Mëttlerweil géif d'Fra hir "récksiichtslos an onbeduechten" Aktioun bereien. Mat de Wieder "Et deet mir Leed, dass ech en net éischter zréckginn hunn", huet si sech excuséiert an en deemno zréckginn.
D'Kaart gouf mam Numm Celeste ënnerschriwwen - Firwat si e grad elo zréckgëtt ass net gewosst, d'Brauhaus géif sech trotzdeem doriwwer freeën, datt de Krou säi Wee bis heem fonnt hätt an, datt d'Leit iwwert esou eng laang Zäit eng Verbindung mam Betrib hunn.
Déi 73-Järeg soll elo eng Aluedung kritt hu fir Fräibéier vum Hofbräuhaus ze kréien.