© Facebook Screenshot
Ersetze kann déi gefeierte granzeg Kaz souwisou keen, ma d'Meow Meow huet awer gutt Chancen dorop den neie Meme-Star ze ginn.
Meow Meow, eng Kaz aus Taiwan, gehéiert wéinst hirem Gesiichtsausdrock zu de granzegste Kaze weltwäit an erënnert deemno un d "Grumpy Cat", déi jorelaang Déierefrënn a Meme-Maacher um Internet ameséiert huet.
Um Instagram-Account vum Meow Meow fënnt ee schonn e puer Fotoe vum eventuelle "Grumpy Cat"-Nofollger, déi bestätegen: Egal a wéi enger Situatioun, d'Kaz gesäit ëmmer rosen aus. D'Original, dat jo d'lescht Joer gestuerwen ass, wär sécherlech houfreg op hiren onverhofften Zwilling (oder och net...).