Plastik-Schong trëfft Crossbody-Bag...

Bei de Schlappe vun der Mark Crocs ginn et gefillt just zwou Meenungen: Entweder et feiert ee se oder et fënnt ee se fuerchtbar. Ob een elo op d'Bequeemlechkeet vun der Schong schwiert oder fënnt, datt et déi schlëmmste moudesch Erfindung ass zanter Strëmp an de Sandalen, d'Mark bleift bestoen. Dat ënnert anerem well se sech ëmmer nees nei erfënnt.

2018 hat Crocs zum Beispill De Post Malone als Designer agestallt, dee seng eege Plastiksschong entworf huet. Ma dëst Joer geet d'Mark nach e Schrëtt méi wäit a wot sech aus dem gewinnte Schong-Terrain eraus. Zesumme mat dem kalifornesche Streetwear-Label Pizzaslime gouf sech zesumme gedoen an eng Posch entwéckelt. Dat Besonnescht dorun: D'Optik vun dem typeschen "Croc" bleift erhalen. Deemno ass et e ganz banale Schong, mam Ënnerscheed, datt do wou ee soss seng Féiss drastécht, eng Tirette fir di eege Saachen ass. Déi innovativ "Banann" kann ee sech duerch de breede schwaarze Gurt ronderëm de Bauch oder och d'Schëller hänken.

Momentan ginn et d'Bausch-Poschen am gielen an am schwaarzen, dekoréiert mat faarwege Pins, déi typesch fir d'Mark Pizzaslime sinn. Wien deen ongewéinlechen Accessoire elo scho feiert sollt sech bäi maachen, d'Posche sinn op 25 Stéck pro Faarf limitéiert a kaschten 300 US-Dollar. Ëmmerhi wäerte mer se dann net un all 2. Influencer gesinn...