© Twitter Screenshot / Mark Rofe
Do kritt "verzweiwelt no enger Frëndin sichen" eng ganz nei Bedeitung...
Iwwert e Joer ass de Mark elo Single an et schéngt him net ze gefalen. D'Dating Apps à la Tinder, Bumble an Hinge huet en all probéiert, ma fonnt huet en domat nach net dat Richtegt. Iergendwann ass den 30-järege Britt dunn op d'Iddi komm sech einfach selwer ze vermaarten, firwat schafft een och soss an deem Beräich?!
De Mann huet seng Kontakter a säin Know-How spille gelooss, sech e Plakat erstelle gelooss an eng Plakat-Mauer zu Manchester gelount. Dorop koum e risegt Bild vum Mark mat dem Schrëftzuch "Single? Date de Mark. Dat hei kéint dat Zeeche sinn, op dat s du gewaart hues". Donieft ass natierlech och de Link "DatingMark.co.uk" ze liesen, fir datt déi interesséiert Single-Ladies sech och bei him melle kënnen.
D'Iddi wéi sollt et anescht si war him mat engem Kolleeg an enger Bar komm, nodeems déi Zwee schonn e puer Béier intus haten.
Op senger Website kann ee sech fir d'éischt emol nach méi iwwert de Single informéieren a wien doropshin interesséiert ass, ka sech dann direkt online bewerben. Iwwregens d'Infoen, déi een do kritt si genee esou kreativ wéi d'Iddi mam Plakat: Ëmmerhi wëll all Fra beim éischte Kenneléiere rausfanne wéi laang deem Anere säi Fanger ass (6.82cm) oder wéi vill Fraen de potentielle Partner scho gekusst huet (méi wéi 3). An natierlech gëtt et och eng Äntwert op di Fro, déi sech jidderee stellt: "Ass dat heiten eescht gemengt?", dem Mark seng Äntwert: "Jo dat ass et".
Schonn e puer Deeg nom Lancéiere vun der Aktioun sinn iwwer 1000 Demande beim Mark erakomm an dat obwuel vu senge Kolleege keen u seng Iddi gegleeft huet. "Dat ass dat Verzweiweltsten, wat ech jee gesinn hunn" war just ee vun de ville Kommentaren, déi de Single sech misst unhéieren.
E klenge Feeler ass dem kreative Kapp awer ënnerlaf, och wann hien elo immens vill Opmierksamkeet kritt, hien hat net präziséiert wat seng Virléifte sinn an deemno sinn 800 Demande vu Männer erakomm an net vu Fraen, déi hien domat eigentlech usprieche wollt. Äntwerte wéilt hien awer jidderengem, egal ob et säi Goût ass oder net, ëmmerhi gehéiert och vill Courage dozou sech op esou e Plakat ze bewerben.
Och an de sozialen Netzwierker gëtt iwwert de Mark diskutéiert, ma och wann déi Meescht d'Aktioun feieren, un der Optik vum Plakat hätt ee kéinte schaffen. Schrëftaart "Comic Sans" ... wierklech?!