Am "Shedd Aquarium", dee wéinst dem Coronavirus fir Visiteuren zou maache misst, dierfen d'Déieren elo en Ausflug maachen.

Pinguinen, déi op Fësch aus dem Amazonas treffen? Dat gëtt et an der Natur natierlech net! Ma zu Chigaco am "Shedd Aquarium" ass genee dee Fall elo awer agetraff.

Am Aquarium sinn d’Pinguinen nämlech grad op Entdeckungstour. Wéinst den aktuellen Entwécklunge ronderëm de Coronavirus huet och de gréissten iwwerdeckten Aquarium weltwäit seng Diere fir Visiteuren zougemaach. D’Déierefleeger hu sech doropshin eppes afale gelooss: A weisen de Pinguinen elo mol wat (a virun allem wien) et ausser hirem Gehege soss nach am Aquarium gëtt.

Den Aarbechter no genéissen d’Déieren et "fräi" ronderëm ze lafen. Virun allem de Fëschaquarium am Thema vum Amazonas begeeschtert verschidde Pinguinen, wärend Anerer sech nach léiwer Informatiounspunkten ukucken, ronderëm déi normalerweis Touristen, an net Pinguinen, versammelt sinn.