De Video aus Italien, an deem Leit sech op hire Balcone versammele fir zesummen ze sange kennt een, awer villäicht net esou...

Net laang nodeem eng besonnesch Situatioun antrëfft oder e Video viral geet, kann ee schonn domat rechnen, dass doraus eppes kreéiert gëtt fir aner Leit op de sozialen Netzwierker op d'Schëpp ze huelen oder zum laachen ze bréngen. Dës Kéier waren et da keng Memes mee e beaarbechte Video, deen aktuell ronderëm geet.

De Video aus Italien, wou d'Leit jo den Ament an hiren Haiser festsëtzen, ass virun e puer Deeg viral gaangen. Hei gesäit een d'Leit sech um Balcon versammelen an trotz där net einfacher Situatioun zesumme sangen, klappen an danzen. De Video ass häerzergräifend an deemno immens séier ëm d'Welt gaangen. Ma momentan gi ganz aner Versiounen dovun online gesat.

An den neiste Versioune gouf den Original-Sound dann ausgetosch géint Pop-Songs vum Katy Perry, Rihanna, Shawn Mendes a ville weidere Museker.

Ma och wa bei deene meeschte Fake-Videoen direkt misst kloer ginn, de Sound passt net openeen, hu verschidde Staren dat net héieren an hu geduecht d'Leit an Italien hätten effektiv hir Lidder gesongen.