Ob d'Fro "Firwat hamstere Leit Toilettëpabeier" huet en zwar keng Äntwert dofir awer dorop wéi vill dir es braucht!

Vill Mënsche si wéinst dem Coronavirus veronséchert a maachen Hamsterkeef, och wann dat iwwerhaapt net noutwendeg an éierlech gesot zimmlech egoistesch ass. Ma virun allem den Toilettëpabeier ass begiert. A genee do stellt sech dann d'Fro: Wéi vill Toilettëpabeier brauch ee wierklech?

En Online-Rechner mam Numm

hëlleft dobäi d'Äntwert ze fannen - Alles wat dir musst maachen ass d'Unzuel vun den Toiletteroulleauen, déi der aktuell doheem hutt, unzeginn an dem Site ze verrode wéi dacks der dann op d'Dëppche musst. De Recht mécht d'App!