an dat fräiwëlleg!

Jiddereen huet e Plat, deen e ganz ganz dacks kéint iessen. Ma trotzdeem wéilt dir dach net all Dag dat selwecht Mëttegiessen hunn, egal wéi gären dir Spaghetti, Paschtéitchen oder Fritten hutt, oder?!

De Reid Branson, Infirmier an enger amerikanescher Clinique zu Seattle, mécht awer genee dat fräiwëlleg, an zwar all eenzegen Dag. Hie kacht sech all Dag seng Lënsenzopp an ësst déi och all Mëtteg. Zanter 17 Joer!

Villäicht ass et well säin Alldag als Infirmier ëmmer eng nei Erausfuerderung ass an een ni genee weess wat een Dag fir Dag do erwaart. Virun allem elo mam Coronavirus kann ee sech denke wéi gutt do e bësse Stabilitéit an d'Gefill vu Komfort deet. Ma trotzdeem, d'Lënsenzopp kënnt jo scho méi laang op den Dësch, wéi kënnt een iwwerhaapt op d'Iddi dagdeeglech dat selwecht wëllen z iessen.

Alles huet domat ugefaange wéi d'Rezept vu senger Liblingszopp aus der Dous verännert gouf. Enttäuscht huet hie sech op d'Sich no engem Rezept gemaach well déi nei Versioun em einfach net geschmaacht. Wéi dunn an engem Kachbuch dat Richtegt fonnt hat, huet en et net méi lassgelooss a freet sech all eenzelen Dag iwwert seng Zopp. Gelangweilt war e vu sengem Iessen iwwregens nach ni, et wéisst een nämlech ni wéi se geléngt...anscheinend och no 17 Joer nach net.

Freet sech just op en an der Pensioun och nach op seng Gewunnecht schwiert, an déi geet en nämlech elo gläich. Ier e senge Kolleegen awer Äddi seet, huet hie sech fest virgeholl eng Party ze schmäisse bei där et esou vill vu senger Lënsenzopp gëtt, dass all d'Kolleege kënnen dovu schmaachen. A wie weess villäicht schmaacht se engem aneren Infirmier esou gutt, dass d'Traditioun virugefouert gëtt.