Eréischt no e puer Deeg an deene sech d'Hänn mam Kéis gewäsch huet ass hir de Feeler opgefall...

An Zäite vum Coronavirus kann een et net ze dacks betounen: Wäscht är Hänn - am Beschte mat Seef an net mat Kéis... Klengt topeg dat ze betoune well wie géif iwwerhaapt op esou eng Iddi kommen?

Ma d'Miley aus Washington an den USA huet sech deeglaang mat Kéis d'Hänn gewäsch amplaz mat Seef, ganz einfach well si d'Stéck Kéis mat der fester Seef verwiesselt hat. Op d'Fro firwat de Mëllechproduit iwwerhaapt beim Lavabo louch, huet d'Fra erkläert, dass si viru puer Deeg ugedronk heemkomm ass a Loscht op e Mëtternuecht-Snack hat. Mat e puer Promill am Blutt huet si d'Stéck Kéis du beim Lavabo leie gelooss amplaz z iessen. Den nächste Moie wousst d'Miley näischt méi dovun an duecht et géif sech beim Kéis ëm fest Seef handelen.

Eréischt no e puer Deeg ass d'Fra skeptesch ginn an huet sech gewonnert firwat hir Seef net géif schaimen. Mat de Wierder "Mir ass kloer ginn, dass et sech ëm e verdréchent Stéck Cheddar géif handelen". Zu hirer Verdeedegung seet si, dass si eng änlech giel Seef doheem hätt, déi och esou géif ausgesinn an neutral géif richen.

Trotz der bedenklecher Hygiène gëtt d'Fra Entwarnung: De Coronavirus hätt se sech dowéinst awer nach net agefangen.