Aus der Kategorie: Wat een alt esou mécht wann engem langweileg ass...

Normalerweis kommentéiert de Robby Hunke Fussballmatcher. Ma wéinst dem Coronavirus sinn déi alleguer ofgesot an hie langweilt sech. Wat mécht een do? Et sicht ee sech eng Alternativ!

Am Reporter sengem Fall bitt elo de Verkéier vun der Kölner Bannestad Oflenkung. Dëse gëtt op zimmlech genial Aart a Weis kommentéiert an dat natierlech schéi brav vun doheem, vun der Fenster aus.