Wéinst dem Coronavirus sollen d'Leit doheem bleiwen. Et schéngt, wéi wa Partner d'Zäit géifen notzen. An der lescht goufen ëmmer méi Kondomer verkaf.

Wéinst der Corona-Pandemie goufen d'Leit dozou opgeruff, doheem ze bleiwen, fir d'Verbreedung vum Virus ze verhënneren.

Et schéngt, wéi wa vill Leit dës Zäit géife fir Sex notzen. An der lescht sinn d'Verkafszuele vun Erotik-Butteker an d'Luucht gaangen.

Sexspiller géife sech zum Beispill gutt verkafen. Wéi Online-Erotikshops mellen, hätten sech d'Verkafszuele parallel zum Opdauche vum Coronavirus verduebelt.

Och Kondomer goufe méi verkaf wéi soss. Kondomhiersteller hu festgestallt, datt am Laf vum leschte Mount däitlech méi Kondomer verkaf gi sinn.

Egal wéi dir är Zäit doheem verbréngt, haaptsaach dir bleift doheem!