D'Ausgangsspäre betreffen net nëmmen d'Leit, mä och d'Déieren. Zu Barcelona si Wëllschwäin an déi eidel Stad komm.

Weltwäit ginn d'Leit dozou opgeruff, wéinst dem Corona-Virus doheem ze bleiwen. Dat betrëfft och d'Déieren, déi sech an den eidele Stied ausbreeden.

Fir d'Dauwen huet dat éischter schlecht Konsequenzen, well si net méi vill z'iesse fannen. Si iessen normalerweis d'Rechter um Buedem. Well d'Stied awer esou eidel sinn, fanne si kaum Rechter. Esou gouf a Spuenien eng Fra vun Dauwen ugegraff, wéi si aus engem Supermarché rauskoum.

Zu Barcelona goufen och Wëllschwäin an der Stad gesinn. Normalerweis liewen dës baussent der Stad, trauen sech awer elo eran.