Och op Mallorca ass de Moment Ausgangsspär, ma fir Entertainment ass op der Party-Insel trotzdeem gesuergt.

De Coronavirus beschäftegt grad déi ganz Welt, och Spuenien ass do keng Ausnam. D'Zuel vun den Infizéierten an och vun den Doudesfäll klëmmt hei rapid an esou gouf d'Ausgangsspär nach op den 1. Abrëll verlängert. Ouni gudde Grond dierf een a Spuenien also elo net méi virun d'Dier.

Fir d'Leit an hiren Haiser bei Laun ze hale ginn d'Beamten awer gäre mol kreativ. Op der Insel Mallorca hu Polizisten, déi grad op der Patrulle waren, Volleks- a Kannerlidder gespillt an d'Leit an hiren Haiser, Balconen oder Terrassen dozou animéiert matzesangen. D'Bewunner maache mat, klappen a sangen, a wann ee sech der aktueller Situatioun net bewosst wär, géif ee souguer soen et wär eng grouss Fiesta.

Weider Videoen aus Spuenien, an deene Poliziste mam Auto duerch d'Stied fueren a Lidder amplaz d'Siren lafe loossen oder op der Strooss danzen weisen, datt d'Beamte grad alles gi fir d'Leit an dëser aussergewéinlecher Situatioun op aner Gedanken ze bréngen.