Wann d'Mass vun engem Transformer, Cowboy a Sportler gehale gëtt...

Déi aktuell Situatioun suergt dofir, dass alles e bëssen aneschters leeft an der Welt. Mat Frënn trëfft ee sech via Video-Call, geschafft gëtt am Home Office a Concerte gi via Live-Stream gespillt. Ma net just Museker musse sech adaptéiere fir hir Fans ze erreechen, och Paschtéier musse sech drun halen an hire Service online ubidden.

An Italien klappt dat mat den digitale Masse scho relativ gutt an esou kënne Leit hirem Glawen nogoen ouni sech dofir musse ze deplacéieren. Ma bei engem italienesche Paschtouer hat et net ganz problemlos geklappt, hien hat bei sengem Live-Stream nämlech vergiess d'Filter-Funktioun auszeschalten an huet esou als Transformer, virun engem Stären-Hannergrond an als Cowboy mat senge Follower gebiet.

De Leit schéngt de klenge Feeler gutt gedoen ze hunn an de Kommentare gouf nämlech häerzlech gelaacht. Ënnert dem Video konnt ee Message liese wéi "Hahaha Merci dofir, ech hat déi kleng Opmonterung grad gebraucht" oder och "Hien huet seng helleg Power grad mat Hëllef vun engem klenge Feeler verduebelt".

Ob et elo gewollt war oder wierklech just e Feeler ass am Endeffekt egal, duerch de Live-Stream konnt de Paschtouer seng Mass halen an duerch de Filter huet en d'Leit un d'Laache bruecht. An e bëssen Humor, och a schwéieren Zäiten, dass ass dach dat wat mer grad brauchen.