Ma da Prost!

Duerch de Coronavirus hunn déi meescht Brauereien hir Diere misse fir Visiteuren zoumaachen. Dozou gehéiert dann natierlech och och d'Chaîne Brew-Dogs, déi een zum Beispill an Däitschland a Groussbritannie fënnt. Ma fir hir Fans net komplett um Dréchene sëtzen ze loossen lancéieren déi schottesch "craft beer"-Spezialiste virtuell Baren.

Dëse Freideg (27.03) den Owend solle ganzer 102 där Caféen opgoen. Dobäi gëtt all eenzel Bar, déi et weltwäit vun der Chaîne gëtt, am Netz nogestallt. Esou wëll een de Gäscht d'Méiglechkeet ginn och an dëser Zäit weiderhin an hirer Liblingsbrauerei Zäit ze verbréngen a bei Events wéi Musek-Sessions, Pub-Quizzen oder Béier-Tastings dobäi ze sinn. Obwuel mer eis de leschte Punkt virtuell e bësse méi schwiereg virstellen.