Hochzäitskuch, Kommiounskuch oder Gebuertsdagskuch, dat alles gëtt elo net gebraucht. Den neiste Renner an der Bakstuff: Toilettëpabeier!

Duerch d'Corona-Kris si vill Secteure finanziell betraff, och bei de Bäckere fale lukrativ Geschäftsoptreeg a Cliente fort. Grouss Events bei deene Leit mol gären e Kuch bestelle wéi zum Beispill Hochzäiten, Gebuertsdeeg oder Kommuniounen, ginn ofgesot an esou kommen natierlech manner Sue an d'Keess. Ma wat déi ganz Kris awer bewierkt ass e Boom u Kreativitéit an um Kaf vum Toilettëpabeier.

De Bäckermeeschter Tim Kortüm huet sech geduecht, firwat net béides kombinéieren an huet e Kuch an der Optik vun Toilettëpabeier gebak. Ufanks wollt e sech mam ronne Marmerkuch iwwerzu mat wäissem Fondant just e klenge Spaass zu der aktueller Situatioun erlaben. Ma déi éischt 9 Exemplaren dovu waren esou séier verkaf, dass hien d'Potential an deenen aussergewéinleche Kuchen erkannt huet an zu sengem aktuelle Verkafsschlager gemaach huet.

Mëttlerweil géif hien 200 "Rullen" den Dag produzéieren. De Bäckermeeschter seet zwar selwer, dass dat hiren aktuelle Verloscht net decke wäert ma seng 40 Mataarbechter wären esou ëmmerhi beschäftegt an d'Clienten hätten eppes ze laachen.