Déi meescht Mënsche si genervt vun der aktueller Situatioun, bei den Hënn gesäit dat e bëssen anescht aus...

Social Distancing an Home Office ass fir vill Leit eng ganz nei Erfarung. Ma net just fir d'Mënschen och fir d'Hausdéieren, déi lo vill méi Zäit am Dag mat hire Besëtzer verbrénge kënnen. Wärend d'Kaze sech warscheinlech froe wéini déi ustrengend Leit endlech nees kënnen normal raus goen an hinnen hirt Räich nees iwwerloossen, gesäit dat beim "beschte Frënd vum Mënsch" anescht aus.

Den Dackel Rollo aus Essex huet sech esou därmoossen doriwwer gefreet dass all seng Bezuchspersoune mol eng Kéier all zesummen, an iwwer länger Zäit doheem sinn, datt hie permanent mam Schwanz gewackelt huet. Vu lauter Freed huet en dat esou intensiv gemaach, dass en dësen elo verstaucht huet.

D'Famill war mam Rollo bei den Déierendokter an effektiv: Den Dackel huet dat sougenannten "Happy Tail Syndrome", also glécklecht-Schwanz-Wackel-Syndrom.